Formation 2018

Viirwuert

Wäert Lieser,

D’Joer 2017 huet een groussen Embroch am Rettungswiesen bewierkt, ass dach den 1. Juli 2018 den CGDIS offiziell op d’Welt komm. Bis dato war d’Formatioun der Federatioun vun den Pompjeeën hiren Job.
Dat huet den 1. Juli 2018 geännert, den CGDIS huet d’Formatioun iwwerholl mat allen Astucen, Acteurs’en an d’Formatiounen sinn op den Leescht geholl ginn.
Eng Aarbecht déi vun Ufank un keng liicht war, haut 9 Méint dono sinn mer um gudde Wee.

Bis zum 1. Juli sin an eiser Regioun folgend Formatiounen gelaaf:
1 FGA 2 ; 1 AGT ; 1 A S& CF1 ; 1 CF2 ; 2 ANM an 1 CIC

Wéi der gesidd war d’Formatioun och virum CGDIS aktiv an doofir all deenen déi zu dësem Resultat bäigedroen hun, ee ganz grousse Merci. Ouni si hätten mir déi läscht Méint virum 1. Juli net gestemmt kritt. All eenzelne Formateur, all Instrukter, all Chef de Corps an Chef de Centre an och eis Gemengeverwaltungen mat un der Spëtzt de Buergermeeschter soll dësen Merci gëllen, awer och all Pompjeeskolleg deen während de Formatiounen am Center oder am Pompjeesbau gehollef huet logistesch Aarbechten ze maachen soll nët vergiess gin.
De Kollegen aus dem Regionalviirstand an dem Inspektorat och ee grousse Merci fir hier Ennerstëtzung.

1. Juli 2018, eng Ekipp aus der Regioun Zentrum, pardon aus der Zone Centre war um Gebuertsdag am RAGTAL fir eng Phase 2.
No der Summerpaus sin lues an lues déi nei Formatiounen ugelaf, haut sin mer am Land esou wäit dass mir all deenen déi virum CGDIS am System waren Cours´en ubidden fir op déi nei Formatiounsniveauen ze kommen.
Och nei Memberen sinn an de Formatiounen agedroen, wat ee Beweis ass dass nach emmer Nofro do ass, an dat ass och gudd esou.

Ech sin zouversiichtlech dass den CGDIS eng gudd Saach ass, an dass mir nemmen alleguer zesummen kennen dozou bäidroen dass desen Rettungsdéngscht wuessen kann.

Formatiounen 2018

ANM 04-18                   28.01.2018           Mersch

candidats admis ajournés refusés abandon

ANM 11-18                   08.07.2018           Tuntange

candidats admis ajournés refusés abandon Théorie
12  1

FGA2 03-18         21.03.2018           Garnich

candidats admis ajournés refusés abandon
11  11 

Déi 3 Kollegen mat Noexamen haten deen gepackt.

AGT 03-18          05.05.2018           BF LUX

candidats admis ajournés refusés abandon
 13 13 

AS&CF1 24-18   16.05.2018           Niederfeulen

candidats admis recyclage excusés Refusé
13  12   0  0  1

CF2    26-18         01.07.2018           RAGTAL

candidats admis ajournés refusés abandon
 11 11 

CIC    02/18                  16.02.18               Mamer

candidats admis ajournés refusés théorie
 19 19 

Wéi der gesidd ass bis den 1. Juli, wou mäin Rapport och ophällt, vill geleescht gin.

Ech wenschen mir dass ech an ménger neier Funktioun weiderhin op eng weider gudd Zesummenaarbecht mat Iech kann bauen.

Bricher Jean-François
Instructeur en chef-adjoint aux luttes contre lincendie
Instructeur en matière de sauvetage
Formateur ANM