Aktuelles

Aktivitéitsbericht 2020 vun de Jugendpompjeeën
Regioun Zentrum


Bedéngt duerch d’COVID-19 Situatioun, war d’lescht Joer sécherlech keen einfacht fir eng adequat Jugendaarbecht duerchzeféieren. D’Jugendleeder aus der Regioun Zentrum hunn trotzdeem probéiert dat Bescht aus der Situatioun ze maachen, wéi d‘Zuelen beweisen. Duerfir wëll ech op dësem Wee, gären all de Jugendleeder, hier Adjointen, Betreier an Helfer Merci soen fir all déi Aarbecht, déi si d’lescht Joer geleescht hunn. E Merci geet och un all déi Jugendleeder, déi d’lescht Joer opgehal hunn respektiv alleguer déijéineg, déi haut déi Funktioun iwwerholl hunn.
Aktuell ginn et an der Regioun 16 Jugendsektiounen, déi reegelméisseg mat der Jugend schaffen. Déi regional Aktivitéiten goufen 2020 vu folgendem Kader geleet:

RegionaljugendleederAlainHERRMANN
Regionaljugendleeder-AdjointMartineGOLDSCHMIT-GROHMANN
Regionaldelegéiertenvakant
CaissierAlainHERRMANN

Insgesamt goufen 2020 just 2 Jugendleederversammlungen ofgehalen:
• 29 Januar 2020: Lëntgen
• 26 Februar 2020: Hesper
D’lescht Joer huet keen Wëssenstest an eiser Regioun statt fonnt.
Am laf vum Joer 2020, hate mir trotzdeem nach d’Méiglechkeet virun der Covid-19 Kris folgend gréisser Evenement an der Regioun Zentrum duerchzeféieren:
Wanterwanderung Garnech → Koler → Garnech:
Nodeems déi éischt Wanterwanderung 2018 statt fonnt hat war séier kloer datt mir dës 2019 nach eng kéier widderhuele géifen. Leider war et awer 2019 bedéngt duerch verschidden Ëmstänn net méiglech dës Duerchzeféieren. Samschdes, den 07. Mäerz 2020 war et dunn esou wäit, wou sech ongeféier 160 Jugendpompjeeën mat hiren 40 Betreier moies um 9h00 op de Wee gemaach hunn, fir gemeinsam bei schéinem sonnegen Wieder e Rondgang vun an op Garnech ze trëppelen.
No enger klenger Paus op hallwer Streck zu Koler, wou Uebst, Waasser an Téi zerwéiert gouf, goung de Wee wieder zeréck op Garnech, wou mir no ongeféier 3 Stonnen an 8 km all gutt am Pompjeesbau ukomm sinn. Hei gouf et nach eppes Guddes z’iessen an ze drénken, ier d’Jugendleeder sech nees mat hire Jugendpompjeeën op den Heemwee gemaach hunn.
En décke Merci un all d’Leit, déi des Wanterwanderung mat organiséiert hunn, a besonnesch dem Centre d’Incendie et de Secours Koler fir d‘Bereedstelle vum hirem Zenter.
Hei fannt dir nach d’Zuelen aus dem Joresbericht vun eiser Regioun vum Joer 2020:

Unzuel Übungen Theorie55
Jugendpompjeeën Übungen Theorie479
Unzuel Übungen Praxis144
Jugendpompjeeën Übungen Praxis913
Unzuel Sport & Fräizäit34
Jugendpompjeeën Sport & Fräizäit310
1. Hëllef Cours1
Médico Jeune-Sapeur36
Training Wettbewerb0
Nationalt Zeltlager0
Regionalt / Lokalt Zeltlager0
Internationalt Zeltlager 0
Nationale Cross0
Regionale Cross0
Nationale Jugendwettbewerb0
Internationale Wettbewerb0
Regionaltagung0
National Schwammmeeschterschaft0
Regional Schwammmeeschterschaft0
Rallye / Wanderungen77
Porte Ouverte6
Aaner regional Aktivitéiten0
Aaner lokal Aktivitéiten12

D’Zuelen uewen am Joresbericht stamen aus de jeeweilegen Joresberichter vun de eenzelen Zenteren. Zum Zäitpunkt vum Verschécken vun dësem Bericht, huet de Bericht vum CIS Sandweiler an dem CIS Stengefort nach gefeelt an d‘Wäerter konnten net mat an d’Statistik opgeholl ginn.
Ausbléck 2021 Jugendpompjeeën Regioun Zentrum
Well d’Covid-19 Pandemie leider nach net eriwwer ass, wäert et weiderhin schwéier méiglech sinn wäit am viraus ze plangen.
Hei, fannt dir elo mol d‘Lëscht mat den Aktivitéiten, déi bis elo regional oder national geplangt sinn:

25. FebruarJugendleederversammlung Regioun Zentrum (Online)
01. AbrëllJugendleederversammlung Regioun Zentrum (Online)
23. AbrëllGeneralversammlung Regioun Zentrum (ouni Presenz)
24. AnrëllFormation continue „Administrativ“
08. MeeFormation continue „Administrativ“
03. JuniJugendleederversammlung Regioun Zentrum (Online)
12. JuniFormation continue „Erliefnispädagogik“
Virun der SummerpausJSP1
3. Juli1. Wëssenstest
Nom SeptemberJSP 1 & JSP 2
9. oder 16. OktoberVölkerballtournéier Regioun Zentrum
16. OktoberFormation continue „Erliefnispädagogik“
27. NovemberWëssenstest (CIS Miersch)

De Programm gëtt reegelméisseg opgrond vun der aktueller Situatioun nei ugepasst.

Alain HERRMANN
REgionaljugendleeder
Regioun Zentrum

Aktivitéitsbericht vun Jugendpompjeeën Regioun Zentrum 2019

D’Jugendleeder aus der Regioun Zentrum hunn am laf vum Joer 2019 eng ganz gutt Aarbecht an hiren Corpsen geleescht. Op dësem Wee, wëll ech gären all de Jugendleeder, hier Adjointen, Betreier an Helfer Merci soen fir all déi Aarbecht, déi si d’lescht Joer geleescht hunn. E Merci geet och un all déi Jugendleeder, déi d’lescht Joer opgehal hunn respektiv alleguer déijéineg, déi haut déi Funktioun iwwerholl hunn.
Aktuell ginn et an der Regioun 15 Jugendsektiounen, déi reegelméisseg mat der Jugend schaffen. Déi regional Aktivitéiten goufen 2019 vu folgendem Kader geleet:

RegionaljugendleederHERRMANNAlain
Regionaljugendleeder-AdjointGOLDSCHMIT-GROHMANNMartine
Regionaldelegéiertenvakant
CaissierHERRMANNAlain

Insgesamt goufen 2019 6 Jugendleederversammlungen ofgehalen:

16. Januar 2019Kielen
19. Mäerz 2019Schëtter
22. Mee 2019Stengefort
03. Juli 2019Mamer
11. September 2019Garnech
11. November 2019Schëtter

D’lescht Joer waren 2 Wëssenstester an eiser Regioun. Den 1. Wëssenstest wor den 13. Mee am CIS Stengefort, deen 2ten den 10. November am CIS Koplescht.

13/05/19FGA-JBronzeSëlwerGoldTotal
Steinfort01/09/19
91214
09/11/19FGA-JBronzeSëlwerGoldTotal
Koplescht
95317

Insgesamt hunn d’lescht Joer 31 Jugendpompjeeën hire Wëssenstest gepackt, dovunner 7 Jugendpompjeeën de Wëssenstest am Gold. En décke Merci geet un déi 2 Corpsen, déi hier Raimlechkeeten zur Verfügung gestallt hunn.
Am laf vum Joer goufen an de Jugendleederversammlungen zesummen iwwert folgend Themaen geschwat:

Wanterwanderung Garnech → Garnech:

Nom groussen Erfolleg 2018, hate mir geplangt fir och 2019 eng Wanterwanderung duerchzeféieren. Well awer um Dag, deen mir eis erausgesicht haten relativ kuerzfristeg een „Colloque des cadres“ vum CGDIS festgeluecht gouf, hu mir entscheed d’Wanderung an de Fréijoor ze verréckelen. Och hei sollt et duerch den Dout vum Grand-Duc Jean mat uschléissender Staatstrauer net zur Wanderung kommen. Schlussendlech gouf d’Wanderung an de Wanter 2020 verluecht.

1. regionaalt Vëlkerballtournéier zu Kielen:

Well mir weder eng Wanterwanderung, nach eng Fréijoorswanderung duerchféiere konnten, gouf als sportlech Alternativ duerfir entscheet, fir an eiser Regioun dat éischt regionaalt Vëlkerballturnéier ze organiséieren. Samschdes, den 23ten November war et dunn esou wäit, wou sech insgesamt 51 Jugendpompjeeën mat hiren Betreier moies um 9h30 an der Sportshal zu Kielen afonnt hunn, fir gemeinsam dëst Turnéier matzemaachen.
Nodeems d’Jugendpompjeeën agedeelt an d’Spillreegelen erkläert goufen, hu moies enger éischter Ronn 4 Equippen op engem Terrainen an der Grupp A géinteneen gespillt an parallel 4 aner Gruppen op engem zweeten Terrain an der Grupp B.
Duerno war Mëttegpaus, wou mir zesummen eppes Guddes giess a gedronk hunn. No der Paus goung et dann mam Turnéier weider wou déi eenzel Gewënner a Verléierer aus den zwou Gruppen géinteneen gespillt hunn, fir d‘Schlussresultat ze ermëttelen.
Zum Schluss gouf d‘Turnéier nach mat enger Präisiwwerreechung ofgeschloss, an all Jugendpompjee krut e klénge Cadeau fir mat heem.
Mir waren eis alleguerten eens, datt 2020 eng zweet Episode stattfanne muss.
En décke Merci un all d’Leit, déi dëse Vëlkerballturnéier mat organiséiert hunn, a besonnesch der Gemeng Kielen fir d’Bereetstellen vun der Sportshal souwéi der Amicale vum CIS Kielen fir de Catering.

Zuelen aus de Berichter

Hei fannt dir nach d’Zuelen aus dem Joresbericht vun eiser Regioun vum Joer 2019:

Unzuel Übungen TheorieJugend-pompjeeën Übungen TheorieUnzuel Übungen PraxisJugend-pompjeeën Übungen PraxisUnzuel Sport & FräizäitJugend-pompjeeën Sport & Fräizäit1. Hëllef CoursMédico Jeune-SapeurTraining Wettbewerb
1391320152143699106132340
Nationalt ZeltlagerRegionalt / Lokalt ZeltlagerInternationalt ZeltlagerNationale CrossRegionale CrossNationale Jugend-wettbewerbInternat. WettbewerbRegional-tagung
0350120000

Nat. Schwamm-meeschterschaftRegional Schwamm-meeschterschaftRallye WanderungenPorte OuverteAaner regional AktivitéitenAaner lokal Aktivitéiten
100258384499

Ausbléck 2020 Jugendpompjeeën Regioun Zentrum

Hei fannt dir déi provisoresch Lëscht mat den Aktivitéiten, déi bis elo regional oder national geplangt waren:

29. JanuarJugendleederversammlung Regioun Zentrum zu Lëntgen
04. MäerzJugendleederversammlung Regioun Zentrum zu Hesper
07. MäerzWanterwanderung Regioun Zentrum zu Garnech
25. Abrëll1. Wëssenstest an der Regioun
19. MeeDag vum Jugendpompjee
NovemberVölkerballtournéier Regioun Zentrum
14. November2 Wëssenstest an der Regioun
27. NovemberGeneralversammlung FNP an JFA zu Veianen an der Larei

Opgrond vun der Tatsaach, datt et Ufank Mäerz 2020 opgrond vum Covid-19 Virus zu engem Lockdown komm ass, gouf keng Generalversammlung, keng Wëssenstester, keen Dag vum Pompjee souwéi kee Vëlkerballturnéier organiséiert. Soulaang de Virus net komplett ënner Kontroll ass, wäert och weiderhin schwiereg sinn, eng Aktivitéit ze organiséieren an duerchzezéien. Glécklecherweis war et awer sou just nach méiglech, d’Wanterwanderung wéi geplangt ze maachen.