CIS Hobscheid

Den CIS Habscht garantéiert mat engen +/- 40 Memberen fir d’Secherheet an den Dierfer Habscht, Eischen, Gaichel an Kraizerbuch. Och en First Responder Service ass activ. Eng Enk Zesummenarbecht mat den Nopesch-CIS’en vun Stengefort, Kärch, Simmer an Garnech gëdd schon Jorelaang héich gehaalen, esou stinn reegelméisseg gemeinsam Übungen an Formatiounen um Programm.

Spezielles iwwert den Corps:

  • Schlauchunhänger mat +/- 1000 Meter B-Schlauch, fir Wasserförderung iwwer laang Wegstrecken.
  • PMA, zesummen mat den CIS’en Stengefort, Kärch an Simmer

Zu dem Fuerpark

TLFA 2-1

TLFA 2-1, dësen Woon gedd genotzt fir all Teschnech an Brandasätz. Zousätzlech zur Standart TLF 2000 Beluedung ass och nach eng Schleifkorbtrage, Spineboard an komplett éischt Hëllefs Material mat u Bord. Esou kann och bei klengeren Verkéiersaccidenter Autonom geschafft gin.

MZF

MZF, dësen Woon ass mat diversen Rollcontainer ausgerüst, esou enner aanerem zum Beispill 
– Rollcontainer Ölabwehr
– Rollcontainer Iwwerschwemmung (Nasssauger, Kellerpompelen asw)
– Rollcontainer Tragkraftspritze (à venir)

TSF

TSF, dësen Woon wor fréier en TLF-légér mat enger Héichdrockläschanlaach, an ass aus eegener Kraft dunn zum TSF emgebaut ginn. Zesummen mam Slauchwoon bildt dësen eng Unitéit fir Wasserförderung.

GW1, op Renault Master. Dëst ass den zweeten Woon fir quasi all Asatz, fir den TLF ze ennerstëtzen. Nierft e bëssen Material fir Brandbekämpfung ass an dësem Woon méi Material fir Teschnech Hellefleeschtung aller Art verstaut. Och fir den First Responder gëdd dësen Woon Primär genotzt, esou ass och en kompletten éischt Hëllef Rucksaack mat Defi an deem Woon verlueden.

MTW

Adressse:

CIS HOBSCHEID
1C, rue de la Gare
L-8471 EISCHEN
Tél.: 49771-3375
Fax: 27 39 57 35

Chef de centre:

Jérôme FISCHBACH
E-Mail: Jerome.fischbach@cgdis.lu

Chef de centre adjoint:

Tom HEINISCH
E-Mail: Tom.heinisch@cgdis.lu