Jo zur Toleranz, zum Mateneen ;
Jugendpompjeeën géint Gewalt a Rietsextremismus
Den Aktivitéitsbericht vun 2017 ass wie die läscht 4 Joer gutt gefëllt gewiescht.
Leider war et wie sou oft, ech hunn den 6. Mäerz mol nach ee Bericht kritt, an net all Corps huet seng Donnéeën geliwwert.
Am Allgemengen kann ee feststellen dass mer dëst Joer 100 Aktivitéiten manner haten wie 2016.
Theorie | Teilnehmer Theorie | Praxis | Teilnehmer Praxis | Sport | Teilnehmer Sport | |
2017 | 193 | 1301 | 210 | 1756 | 116 | 1052 |
2016 | 195 | 1358 | 280 | 2556 | 152 | 1285 |
2015 | 190 | 1550 | 271 | 2572 | 181 | 1526 |
Amplaz elo säiteweis Iech är eegen Aarbecht ze presentéieren, erlaabt mer puer Gedanken zu engem Thema wat an der Läscht ëmmer méi akut an dringend ginn ass.
Als Jugendleeder soll et eng wichteg Aufgab sinn, all Initiativ ze ënnerstëtzen die sech géint rietsradikaalt Gedankengut an Gewalttätegkeet asetzt.
D’Zuel vun rietsradikalen Iwwergrëffer ass zu Lëtzebuerg éischter eng Donkelziffer, oft verstoppt, onbemierkt oder vläicht souguer einfach net erkannt oder schlëmmste falls toleréiert?
Mir an de Jugendpompjeeën sinn ëmsou méi opgeruff eng aktiv, demokratesch Jugendaarbecht ze leeschten. Virun Joren hunn äis däitsch Kollegen en Aarbechtsheft erausginn: „Was heisst n hier Gewalt“ Die Verëffentlechung ass haut och nach ëmmer aktuell, a gëtt och nach iwwerschafft.
Als Jugendpompjeeën schwätzen mir nët nëmmen eng Zilgrupp vun eiser Gesellschaft un. Mir hunn Kanner vun allen Kategorien, där die gutt leieren, där die Problemer hunn roueg sëtzen ze bleiwen, där die roueg sinn, där die Problemer doheem hunn. An genee virun deem Hannergrond stinn mir an der Verantwortung! Jugendlech Mënschen leieren demokratesch ze sinn. Courage maachen, amplaz ze frustréieren. Och wann et nët ëmmer einfach ass, wann grat mol ee Wëssenstest an de Sand gaangen ass; eng Übung net esou geklappt huet wie se soll. Jonker erliewen et immens positiv wann si als Jugendpompjeeën fir anerer kënnen do sinn. D’Jugendpompjeeën sollen léieren een fir all, all fir een, a sech géint Gewalt a rietsradikale Gedanken aus ze schwätzen.
Gewalteg Ufuerderungen och un deng Jugendpompjeeën?
Mam Thema Gewalt hunn mir äis alleguerten schonn mol missten auserneen setzen. Se taucht an deenen ënnerschiddlechsten Formen op.
Eng op de Bak huet nach kengem geschuet….
Wat sinn zum Beispill die Streidereien tëscht Elteren, tëscht den Elteren mat de Kanner, tëscht Geschwëster? An dann sinn do die kleng Saachen die äis am Alldag ploen. (eng schlecht Prüfung hei , Stress mam Schoulmeeschter do, zevill Aktivitéiten op engem nämmlechten Dag…) Alles dat sinn kleng onscheinbar Akten vun Gewalt, déi eisen Ëmgang mat aneren Mënschen prägt an deen äis kleng Pompjeeën och dagdeeglech erliewen.
Ongeféier d’Halschecht vun eisem Liewen verbréngen mir mat schaffen, mat Monotonie, Stress an Leeschtungsdrock. An dat hannerléisst seng Spueren…
Fräizäit = fräi sinn?
Eigentlech misst een seng Fräizäit benotzen fir Saachen ze maachen die ee gären mécht, an et gëtt onendlech vill Méiglechkeeten die Zäit flott a Sënnvoll ze gestalten, an awer. Haut des Daags sinn Gefiller wie Langweil a Frust ëmmer méi heefeg. Sech ausgeschloss fillen, Saachen kennen ze hunn, die ee sech wënscht, materiell Bedierfnisser nët kennen erfëllt ze kréien; dat sinn désagréabel Erfahrungen déi engem wéi dinn a verletzend wierken. Ëmmer méi oft weist sech jugendlecher hiren Frust a form vun Gewalt, géint anerer, awer och géint sech selwer. Si wëllen Drock ofbauen, Langweil soll keng optrieden, et muss Spill, Spaass an Actioun sinn.
Gewalt fënnt do eng nei Qualitéit, riskéiert Salonfäeg ze ginn. Regelméisseg erliewen mer, liesen mer vun Jugendlechen die ganz gezielt méi schwaach Matmënschen ugräifen, Läit mat „manner Wäert“ ginn einfach mol ugegraff, d’Schold un den eegenen Schwieregkeeten bei aneren gesicht. Och op der Insel Lëtzebuerg fannen mer regelméisseg där Noriichten an der Presse.
Zevill Jugendlecher sichen ee Sënnenbock fir hier eegen Onzefriddenheet. Se fillen sech dichteg, mächteg vis a vis vun hiren Opfer an probéieren sou mat den eegenen Problemer fäerdeg ze ginn.
Och ënnert de Kanner gëtt et Gewënner a Verléierer. Se mussen em hier Positioun kämpfen, ee Konkurrenzdenken gëtt vun eiser Gesellschaft gefördert. An de Frust kennt spéitstens dann, wann dee „klengen Mann“ Saachen verbueden kritt, wat die Grouss awer däerfen. Ganz rezent sot een däitschen Reporter „korruptes Vorgehen zur Sicherung des Machterhaltes“ – ass och eng Form vun Gewalt.
Och d’Pompjeeën liewen vun enger Hierarchie, an mir brauchen déi fir eis Aufgab effizient kennen ze erfëllen.
Iwwerall do wou et hierarchesch Strukturen gëtt ginn et Läit die Stäerken, Erfolleg, an Aggressivitéit mëssbrauchen fir sech iwwer anerer ze positionéieren. Mir Pompjeeën hunn d’Chance fir al Strukturen hanner eis ze loossen, fir een neien Wee an ze schloen. Dat bitt eisen Jugendpompjeeën die eemoleg Chance fir een demokratescht an teamorientéiert Zesummeliewen vun Ufank un an am Sënn an Zweck vum Pompjeesgedanken ze léieren.
Pompjeeën kennen am allgemengen duerch hier Aarbecht een däitlecht Zeechen géint rietsextrem Tendenzen setzen. Jonk Läit léieren, dass Engagement fir anerer kann Spaass maachen, Pompjeeën widdersetzen sech dem rietsextremen Gedanken schonn alleng doduerch dass se hirer eigentlecher Bestëmmung „den Mënschen an Nout hëllefen“ Rechnung droen. Een dee richteg mam Pompjeesvirus infizéiert ass, behaapten ech, kann net der Meenung sinn dass et Mënschengruppen gëtt die manner wäert sinn.
D’Grondziel vun de Jugendpompjeeën muss et sinn ze léieren mateneen een fir deen aner do ze sinn, ze léieren manner staarken Läit ze hëllefen. Anescht ausgedréckt: d’Pompjeeën bidden eng excellent Méiglechkeet fir extremistesch Gedanken an Tendenzen am Keim ze erstécken. Wien bei de Pompjeeën ass kann duerch säin eegenen Asatz Matmënschen hëllefen; an deen huet et bestëmmt nët méi néideg sech kënstlech iwwer aner Mënschen erfier ze hiewen.
Gläichzäiteg dierfen mer d’Aan awer och nët zoumaachen, mir Pompjeeën schwätzen; vläicht souguer nach éischter wie munch aner Organisatiounen am Jugendberäich Jugendlecher aus allen sozialen Schichten un. Leider fannen mer awer och nach an verschiddenen Käpp dat Bild vum haarden, männlechen Pompjee, deen muss stramm, streng hierarchesch sinn. An genee do gëtt et dann eis Aufgab den Jugendlechen demokratesch Ëmgangsformen am Mëttelpunkt vun der Gruppendynamik bäi ze bréngen. Mir schwätzen oft vun Matbestëmmung, vun Inclusioun, hei ass die perfekt Platz fir genee dat ze léieren.
Jugendpompjeeën an d’Pompjeeën hunn extrem vill Méiglechkeeten fir gewaltpräventiv ze wierken. Jugendpompjeeën kënnen Erfahrungen wie Unerkennung, Toleranz, zesummeliewen wat se bei eis kennen geléiert hunn, och no baussen vermëttelen. Natierlech spillt do och deen edukativen Afloss vun doheem , am Elterenhaus eng grouss Roll; awer grat an de Jugendpompjeeën hunn mir een groussen Spillraum fir ze experimentéieren an mir Erwuessener wierken fir die Jonk als Modeller a Virbiller.
Ech soen Iech alleguerten villmools Merci fir die läscht Joren, a wënschen dem Alain vill Succès bei där Erausfuerderung.
Pol DAEMS