BLASEN Nicolas

Noruff op de Néckel Blasen – Eierekommandant vun de Mierscher Pompjeeën

Nicolas BLASEN (1925-20xx)

Iwert den Néckel géif ët vill ze erzielen. Sou ginn zum Beispill séng Krichsjoeren souwuel am Buch vum Marc Trossen mam Titel “Verluere Joren” wéi och am Buch vun de Mierscher Pompjeeën mam Titel “175 Joer Mierscher Pompjeeën” jeweils an engem eegene Kapitel beschriwen.

Gebuer gouf den Néckel de 6. November 1925 zu Recken hei bei Miersch. Séng Eltere waren de Mëtt BLASEN an d’Anna EVERLING, allebéid och vu Recken. Hien hat e Brudder an zwou Schwësteren. Nom 7. Schouljoer, zu där Zäit war Lëtzebuerg scho besaat, ass hien als Kniecht bei engem Bauer zu Tënten schaffe gaang. Och huet hien bei engem Schmatt zu Recken geschafft.

Am November 1943 ass hien zum Reichsarbeitsdienst agezunn ginn, deen huet hien missten a Bayern absolvéieren. Am Februar 1944 ass hien dunn zeréck komm, fir kuerz dorops de Gestellungsbefehl fir an d’Wehrmacht ze kréien.

Den Mierscher Dokter, de Willy Thinnes, no dem jo mëttlerweil eng Strooss am Wangert benannt ass, huet dunn een Zertifkat geschriwen, dat den Néckel an och säi Brudder u Scharlach erkrankt wieren an huet hiet Haus ënert Quarantaine gesaat. Dat huet dem Néckel séng Aberufung ëm 2 Méint verzögert.

Am Abrëll 1944 ass hien dunn definitiv an d’Wehrmacht agezunn ginn. Fir d’éischt ass hien an eng Kasär am Weste vu Polen komm fir duerno an Dänemark ze kommen, wou hien séng Grondausbildung gemeet huet. Am September 1944 ass séng Einheit zeréck an Däitschland komm. Een Deel ass dunn un déi russesch Front geschéckt ginn, den aaneren Deel ass no Italien verluegt ginn. Den Néckel huet zu deene gehéiert, déi an Italien, an der Po-Ebene, hu missen kämpfen. Hien war als Melder ënerwee, wéi hien den 21. November 1944 duerch e Granatsplitter blesséiert gouf. Bis de 5. Mäerz war hien am Lazarett. Duerno ass hien zréck un d’Front komm.

Den 20. Abrëll 1945 huet hien sëch bei enger schwéirer Attaque vun den Englänner vun deene gefaange loosse ginn. Fir d’éischt war hien du Krichsgefaangen. Am Mee ass hien dunn mam Schëf an England transportéiert ginn, wou hien dunn an engem Gefaangenelaager an der Géigend vu Manchester war. De Krich war schon riwer, wéi hien de 25. Juli aus der Gefangenschaft entloos gouf. Duerno krutt hien déi englisch Uniform als Fräiwëllegen. Vun Ufank August un, war hien offiziell belschen Zaldot an si goufen vun de Belsch ausgebild. Hien huet sëch dunn als Kach gemeldt. Eng Zäit laang huet ët geheescht, si missten nach mat a Japan. Mee glëcklerweis war dunn de Krich endgültig riwer.

Den 9. September huet hien sëch dunn op de Wee no Lëtzebuerg gemeet, wou hien den 12. September 1945 ukomm ass.

Eigentlich hätt hien duerno nach missten säi lëtzebuerger Militärdingscht maachen. Mee wéinst sénger Krichsverletzung ass hien fräi gestallt ginn.

Nom Krich huet hien am Institut Emile Metz zu Dummeldéng als Instrukter fir Sandformen geschafft. Spéider huet hien den Gedrënkshandel vun séngen Elteren iwerholl, deen huet hien bis zu sénger Pensioun geleet. Vill eeler Mierscher hunn hien dofir och de “Béier-Néckel” genannt.

1948 ass huet hien séch dunn hei Miersch mam Thérèse FLAMMANG bestuet. Zesummen hunn sie 7 Meedercher kritt. Lues a lues huet sëch d’Famill vergréissert. 19 Enkelkannerhaten si a mëttlerweil sinn 14 Urenkelen do.

No der Pensioun de Néckel mat der Famill op Rolléng geplënert, wou hien och vill Zäit an séngem Gaard verbruecht huet.

Wéi séng Fra, déi iwrigens eng wonnebar Gedold mam Néckel hat, dunn de 19. Abrëll 2012 no laanger Krankheet verstuerwe war, huet de Néckel vill vun sénger Energie verluer.

Wann e vum Néckel schwetzt, dann daarf e grousst Kapitel vum séngem Liewen nët feelen, an zwar “séng Pompjeeën”.

Wéi nom Krich d’Pompjeeën zu Miersch erëm nei opgebaut goufen, war de Néckel e Mann vun der éischter Stonn. Hien huet sëch do ganz staark engagéiert. Schon 1952 ass hien Ënerkommandant vun de Mierscher Pompjeeën ginn. 1962 ass hien du Kommandant ginn. Dëse Posten huet hien bekleed bis hien 1986 a Pensioun gaang ass. Och als Veteran huet hien nach regelméisseg un den Aktivitéiten vum Corps deelgeholl.

Als Kommandant huet hien 1965 d’Mierscher Jugendpompjeeën begrënt, dat war deemools eng vun den éischten Jugendsektiounen am Land. Wéi mir virun 2 Joer de 50. Anniversaire vun eise Jugendpompjeeën gefeiert hunn, hat de Néckel déi grouss Éier eiser Jugend hiren neie Fändel ze iwerreechen.

Viru 50 Joer war ët dem Néckel zum gréissten Deel ze verdanken, datt d’Entente vun de Pompjeeën aus der Gemeng begrënt gouf. Des Entente huet duerno, alt erëm ënert dem Impuls vum Néckel, all Joer d’Fest vum hellege Florian, dem Schutzpatréiner vun de Pompjeeën gefeiert, eng Traditioun déi haut nach Bestand huet.

E weideren Héichpunkter am Néckel sénger Carrière war den groussen Kongress 1967 zu Miersch, wou ongeféier 2000 Pompjeeën aus verschidden Natiounen zu Miersch waren.

Fir säin grousst Engagement kruet de Néckel, sämtlich Medaillen, déi een als Pompjee kréien kann. Wéi mir de Néckel, am Kader vun eiser 175 Joer-Feier, fir säin Engagement während 70 Joer besonnesch éire wollten, krutt hien vun der Federation d’Plaquette “Pour le Mérite et le Dévouement”, eng Éierung déi bis elo knapp eng hallef Dosen Pompjeeën kruten.

Wat de Néckel bei de Pompjeeën geleescht, huet hien nët fir de Veräin Pompjeeën gemeet, mee hien sëch säi ganzt Liewen fir séng Matmënschen, séng Matbierger agesaat an dofir verdingt hien ee läschte grousse Merci.